Harmonie Wasserbillig
  • Aktuelles
  • Historique
  • Agenda
  • Comité
  • Galerie
  • Presse
  • Kontakt
  • Facebook

Historique

Am Joer 1879 hu Memberen vun de fräiwëllege Pompjëen vu Waasserbëlleg de Muséksveräin gegrënnt.

1883 gëtt de Veräinsnumm an „Feuerwehr und Musikgesellschaft“ emgeännert.

Den 11. Dezember 1949 gëtt aus der „Pompjeesmusek“ d'„Société de Musique Harmonie Wasserbillig“.Zu dëser Zäit as et de Jean Franzen, deen sech em den Opbau vu senger Mannschaft këmmert. Insgesamt 50 Musikannten an och fir d'eischte Kéier Musikanntinen zielt d'Harmonie.

Ënnert der Leedung vum Edmond Forthoffer ass och de Muséksunterricht ganz gutt besicht. Vill Optrëtter, dorënner Concerten am Sall Wampach an op der Kierchplaatz, d'Präsenz bei all de weltlechen a kierchleche Feierenzu Waasserbëlleg, der Sprangprozessioun zu Iechternach souwei um Drauwen- a Wäifest zu Gréivemaacher stinn um gutt gefëllte Programm.

1952 an 1953 kritt d'Musék zwee mol den 1. Präis mat Auszeechnung am nationalen Wettbewerbzu Ettelbréck ënnert der Leedung vum Nic. Lahr, dee vun 1927 bis 1957 Dirigent ass a packt den Opstieg an déi méi héich Divisioun. den 2. September 1953 stierwt de laangjährege Präsident Jean Franzen (vun 1912 bis 1953).

Soulues kënnt et zu enger Kriis am Veräin. No villem Hin an Hier a villen Diskusiounnen gëtt entscheed, déi aal Gesellschaft opzeléisen an eng nei ze grënnen. Nach an deem selwechte Joer mellen sech 50 ehemoleg Memberen vun der Harmonie an deen neie Veräin. Präsident gett de Jean Mannes. No 30 Joer als Dirigent leet de Nic. Lahr säin Amt néier. Neien Dirigent gett de Lucien Reuter. Ënnert him packt de Veräin beim Concours 1960 den Opstieg an d'Divisioun II A. De 17. Dezember 1973 kënnt hien bei engem Autosaccident ëm d'Liewen - ee grousse Verloscht fir d'Harmonie.

Siewe Wochen méi spéit gett den Armand Forthofferals neien Dirigent viirgestallt. Ënnert sénger Dirigentschaft trëtt d'Harmonie Waasserbëlleg dann och e puer mol zesumme mat der Iechternacher Staadmusék op an ënnerhëllt ënnert aanerem zahlräich musikalesch Reesen. Dobäi geet et em Kläng vun Amerika iwwer Italien, Frankräich an Éisteräich. Och Concerten mat den däitschen Noopeschmuséeken stinn um Programm. 1979 feiert d'Harmonie hiere 100 jähregt Jubiläum mat enger Musékswoch 1981 din sech e puer engageiert Musikanten vun der Harmonie zesummen a grënnen d'„Spatzbléiser“, déi hiert Publikum während den zeng bis zwielef Optrëtter jährlech begeeschteren. dës Bléisertrupp léist sech allerdéng 1993 wéint manktem un Nokommen op. Nodems d'Harmonie am Kader vum 125. Jubiläum den 17. Juli 2004 de Concert „Wasserbillig goes classic“ mat groussem Erfoleg vorgedroen haat, gett entscheed, fir daat nächst ronn Jubiläum – d'130-jähregt Bestohen anno 2009 – eng Zweetoplaag vun deser Veranstaltung ze organiséiren.

De 15. Juli 2009 leet den Armand Forthoffer dann och no baal 50 Joer als Dirigent, dovun der 35 bei der Harmonie, sein Dirigentenstaaf néier. Neien Dirigent gett 2009 de Rainer Serwe, deen awer schon am Dezember 2010 vum Ovidiu Victor Dragan ersaat gett. Och hien ass just fir eng kuerz Zäit bei der Harmonie Waasserbëlleg.

2013 iwwerhëllt Nadine Billa d'Direktioun vun der Musék, a bréngt frëschen a jonke Wand an eise Veräin.
Am Januar 2019 krut eis Musék mam Manfred Stöckl een neien Dirigent, deen schon als Interim fir dem Nadine Billa säi Congé Parental ze ersetzen, vu September bis Dezember 2018 d'Prouwen geleed an de Wanterconcert am Dezember dirigéiert huet
Harmonie Wasserbillig BP 50 L-6601 Wasserbillig
LU02 0030 3323 4254 0000 - BIC: BGLLLULL
  • Aktuelles
  • Historique
  • Agenda
  • Comité
  • Galerie
  • Presse
  • Kontakt
  • Facebook